„Duebel geféckt“

D’Repercussioune vun der Corona-Kris op de Buchsecteur

Jeff Schinker* tageblatt 13 Mai 2020
Am Géigesaz zu Kultur- secteuren, bei deenen d’Zesummenaarbecht am Mëttelpunkt steet, kéint ee mengen, de Marché vum Buch wier manner schro vun der Pandemie betraff: D’Buchliese war nach ëmmer eng Zort Panegyrikus vum Elengsinn. Mä wann d’Bichergeschäfter an d’Verlagshaiser zou an (inter)national Salon’en ofgesot ginn, huet dat och ganz konkret Repercussiou- nen op de Mikrokosmos vun der Luxemburgensia.