(K)ee Kultstatus fir d’Kultur?

Spread the love

100komma7, 7. Nov 2020 , Richt Eraus, Moderatioun : Valerija Berdi

Wéi steet et ëm de Besoin u Kultur zu Lëtzebuerg? Wéi wichteg ass se an der Zäit vu Corona? Wéi eng Revendicatiounen huet de Kultursecteur un de Staat? Féiert de Kulturentwécklungsplang an déi gewënschte Richtung? Wéi gesäit d’Realitéit um Terrain aus?

de Podcast hei

D’Kulturministerin Sam Tanson, de Kënschtler Gilles Pegel an d’Theaterregisseurin a Schauspillerin Myriam Muller
« Déi zweet Vage ass fir d’Kënschtler vill méi en haarde Coup, mee mir liewe mat där Ongewëssheet, et ass jo och e Liewenschoix, mee wann een dat Wéinegt, wat ee sécher huet, och verléiert, oder wann een e bëssen am Conditionnel bleift, eng schwéier Zäit », seet d’Myriam Muller.
Als Direktesch vum Théâtre du Centaure muss si elo ufänken un der nächster Saison ze schaffen, si weess awer net, ob nach Saachen annuléiert oder verschibe ginn, « dat heescht, mir maachen de Plan A, de Plan B, de Plan C, da maache mer de ganzen Alphabet an da geet et rëm vu vir un, et ass psychologesch vill méi eng schwéier Zäit, fir all Mënsch souwisou. »
De Kënschtler an asblen hëllefen
De Budget fir d’Kultur soll d’nächst Joer gehéicht ginn, ass den 1 Prozent vum PIB en Zil? Si wier ni eng Verfechterin vun dem engem Prozent gewiescht, seet d’Kulturministesch. « Et seet net genuch aus, et seet eppes aus iwwer de Gesamtétat vun der Kultur, et seet awer näischt aus iwwer de Chiffre absolut », seet d’Sam anson.
Fir de Budgetsprojet vum nächste Joer wier eng Augmentatioun vum Budget och am Prozentsaz virgesinn, mee « wat zielt, d’Signal, wou sti mer, au point de vue Kultur, par rapport zum Rescht.  »
Bei de kulturellen Institutioune vum Staat wieren éischter keng Progressioun fir d’nächst Joer virgesinn, « mir hunn do virgesinn, wou mer geziilt de Kënschtler kënnen ënnerstëtzen, wou mer geziilt kënnen asblen ënnerstëtzen », esou d’Sam Tanson weider.
Kulturzeen an der Pandemie
Kultur:LX heescht déi nei Associatioun, déi vum Kulturministère gedroe gëtt an och en Deel vum Kulturentwécklungsplang ass. Dësen Arts Council huet als Zil d’Kultur aus Lëtzebuerg am Ausland ze promovéieren. Ass dat e wichtege Beräich fir d’Kënschtler? Myriam Muller seet:
« Wat ee muss maachen, et muss ee séien, fir datt déi hypothetesch Blumme grouss ginn, an da kann een iwwer Export schwätzen. Et ass dee Wee, deen awer an der Politik richteg verstane ginn ass, an ech hoffen, datt dat esou weider geet. Et huet effektiv verschidde Kënschtler, op déi ee ka pointéiert sinn an alle Sparten, déi brauchen dann en Outil fir do méi wäit ze goen. »
Eng Revendicatioun vum Gilles Pegel ass, datt « an der Pandemiesituatioun si vläicht Saachen, wéi déi gängeg Fraisen, déi déi Konschtschafend hunn, wéi d’sozial Chargen, well dat eppes ass, wat wierklech mat Momenter belaaschtend ass, well et héich Montante sinn, wat vläicht e schnelle Mechanismus kéint sinn, fir de Konschtschafenden entgéint ze kommen. »
De Fall vum Atelier
Eng ganz Rei Aidë sinn a wäerten och a Zukunft de Kulturschafenden an der Corona-Kris zoukommen. Kierzlech huet den Direkter vum Concertshaus Atelier op eiser Antenn gesot, datt hien seng Ekipp an de Chômage technique muss schécken, well den Atelier als s.à.r.l. keng finanziell Ënnerstëtzung vum Kulturministère ze gutt huet.
Dat wier europäesch bedéngt, erkläert d’Sam Tanson. « Well den Atelier eng sàrl ass an do misst dann en extrat Gesetz ginn, wat géif erlaben, datt mer déi Aidë géifen ausbezuelen. » Dee Fall wier awer diskutéiert ginn am ganzen Hëllefspak, an et géif no Léisunge gesicht gi fir all Entreprisen, déi an enger änlecher Situatioun wieren.
« Et ass esou, mir haten eis d’Fro gestalt, ob den Atelier kéint iwwer den « Neistart Lëtzebuerg » och vu Fonge profitéieren. Do war awer déi juristesch Analys déi, datt dat net kéint gemaach ginn ouni spezifescht Gesetz, wat eis déi Basis géif ginn. »


Spread the love