Opruff fir d’Kanner aus de griichesche Flüchtlingslager sou schnell wéi méiglech opzehuelen

Spread the love

Iwwer honnert Kulturschafend weise Solidaritéit an Ënnerstëtzung:

Opruff fir d’Kanner aus de griichseche Flüchtlingslager sou schnell wéi méiglech opzehuelen

Nodeems iwwert honnert honnert Kulturschafend onsen oppene Bréif (hei ënndrënner) ënnerschriwwen hunn, wollte mit mol fir d´éischt jidderengem vun hinnen nach eng Kéier villmools Merci. D´Reaktiounen an d´Ënnerstëtzung waren immensan een Zeechen vu grousser Solidaritéit an Ënnerstëtzungsbereetschaft. Dofir ee ganz grousse Merci!

Gëschter am fréie Nomëtteg huet den zoustännege Minister Jean Asselborn eng Pressekonferenz gi, bei der hien op eng Fro vun der Press, déi den Inhalt vun onsem Uleies rëmginn huet, Folgendes geäntwert huet: Hien huet gesot, datt d’Initiativ fir d´Kanner aus de griichesche Lager erauszehuelen, kuerzfristeg gescheitert ass, well déi griichesch Regierung blockéiert an och UNHCR an OMI gesot hunn, si wären de Moment net kapabel, déi Kanner auszewielen an do erauszehuelen …

A grad dat mécht eis Suerge: d´Zäit, déi fortleeft, ier et zu enger sanitärer a nach méi grousser a mënschlecher Katastroph kënnt. Positiv ass awer, datt et och an anere Länner Initiativen gëtt, déi sech op ville Niveauen dofir asetzen – souwuel duerch politesch Initiativen, wéi och op der Plaz, duerch sammelen vun Suen an och Fligere prett hunn – fir déi Kanner sou schnell wéi méiglech rauskommen. Doriwwer raus drängen MSF (“Médecins sans Frontières”) an aner humanistesch Initiativen, déi och op der Plaz aktiv sinn, drop, d’Lageren kuerzfristeg opzeléisen an déi 40.000 Mënschen déi op den Inselen festsetzen, op d’europäescht Festland zu huelen, ebe fir déi soss onvermeidbar sanitärer Katastroph ze verhënneren.

Ons Uleies, déi Kanner kuerzfristeg och op Lëtzebuerg ze loossen, bleift méi aktuell wéi jee a mir setzen ons weiderhin dofir an! Et geet elo awer net duer dofir just un d’Lëtzebuerger Regierung an de Jean Asselborn z’appelléieren; hei sinn och nach aner Instanze gefuerdert, wéi d’EU-Parlament an d’EU-Kommissioun, d’UNHCR, d’OMI, …

Dofir ware mir ons no der Pressekonferenz vu gëschter Mëtteg eens, dat mir den Oppene Bréif – sou wéi en elo virläit – net méi an der Form verëffentlechen kennen. Mir musse zousätzlech kloerstellen datt ons Opfuerderung net nëmmen d’Lëtzebuerger Regierung betrëfft. Ouni de Bréif elo nach eng Kéier nei ze formuléieren an nei Ënnerschrëften ze sammelen, wollte mir dat sou heimatt kommunizéieren. Weiderhi sinn all Initiativen, souwuel op politeschem supranationalem Niveau, wéi och an der konkreter Hëllef um Terrain, wichteg, fir ze hëllefen. Dobäi bleift eis Stemm an eis Haltung als Kulturschafend grad elo an dësen Zäiten ee wichtegen Beitrag. Merci nach eng Kéier fir är Solidaritéit an Ënnerstëtzung.

Katharina Bintz a Nora König

Oppene Bréif un d ́Lëtzebuerger Regierung:

D’Verspriechen, Kanner aus de griichesche Flüchtlingslager opzehuelen, direkt ëmsetzen!

Wäit iwwert 20.000 Flüchtlinge sëtzen op Lesbos an engem Lager, wou nëmme Plaz fir 3.000 Leit ass, ënner katastrophale Konditioune fest. Zesumme mat deenen op Chios a Samos sinn dat de Moment méi ewéi 42.000 Mënschen déi, zum Deel schonns iwwert ee Joer, op dëse griicheschen Insele festsëtzen. Vill vun hinnen si Mënschen a Liewensgefor. Dobäi kënnt dass d‘griichesch Regierung och nach d’Grenz zougemaach an d ́Asylrecht ausgesat an domat elementar Mënscherechter ausser Kraaft gesat huet.

7 EU-Staaten hate sech bereet erkläert zesummen 1.600 Kanner, vrun allem onbegleete Meedercher ënner 14 Joer, aus deene Lager bei sech opzehuelen – vill ze wéineg, mee all Liewen zielt! Dobäi hat Lëtzebuerg zougesot 10 Kanner opzehuelen.

An dat soll elo wéinst dem Coronavirus a Fro gestallt ginn. En Donneschdeg huet de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn ugekënnegt, dass et net méiglech ass déi Kanner elo, an dëser „schwéierer Zäit“ opzehuelen. Mee grad d’Argument, dass et wéinst „der Sécherheet, der Gesondheet an der Betreiung net méiglech wier anstänneg Bedingungen ze garantéieren“, misst dach en direkt Handelen erfuerderen. Grad elo, wou d’Gefor all Dag méi grouss gëtt, dass sech de Virus och an de Lager ausbreet, ass et wichteg, déi Kanner elo direkt, wéi versprach, opzehuelen! Grad elo duerfe mer keng Zäit méi verléieren, soss ass et ze spéit!

Den 9. Mäerz gouf deen éischte Infektiounsfall mam Coronavirus op der griichescher Insel bestätegt. Déi infizéiert Persoun hat kee Kontakt zu Mënschen an de Lager. De George Makris, deen den Asaz vun den Dokteren ouni Grenzen („Médecins sans Frontières“ – MSF) koordinéiert, warnt awer, dass wann de Virus bis ausgebrach wier, en net méi an de Lagere kontrolléiert ka gi, well déi elementaarsten hygienesch Konditiounen do net kënnen ëmgesat ginn: eng Toilette fir 167 Mënschen, eng Dusch fir 242, an et gi kaum Méiglechkeeten d ́Hänn ze wäschen. Den Dokter Makris seet d ́Lager misst elo evakuéiert ginn, eppes wat all Mënsch, dee sech fir elementar Mënscherechter asetzt, ënnerstëtze misst.

Och wann dëst just e klenge Liichtbléck fir méi Mënschlechkeet an der momentaner EU-Politik ass, an domat deenen anere Mëschen an de Lager nach net gehollef an eng gréisser humanitär Katastroph domat laang net verhënnert ass, muss d ́Versprieche wéinstens déi 10 Kanner bei ons opzehuelen, onbedéngt agehalen an direkt ëmgesat ginn. Et wier en Ufank …
Eis Gesellschaft kann net just vu Solidaritéit innerhalb vun nationale Grenze schwätzen. Dës Solidaritéit muss iwwert Grenzen eraus goen. Soss verléiert all Appell un d’Solidaritéit an dësen Deeg u Glafwierdegkeet an ass zynesch. Wa mer de Gedanke vun Europa, Solidaritéit a Mënscherechter eescht huelen, sollt Lëtzebuerg grad elo säi Verspriechen aléisen. Dozou fuerdere mer ons Regierung ausdrécklech op.

  1. Pascale Noé Adam
  2. Ni Chaoimh Aifric
  3. Eugénie Anselin
  4. Elisa Baiocchi
  5. Daniel Balthasar
  6. Jean Beurlet
  7. Katharina Bintz
  8. Nina Bodry
  9. Linda Bonvini
  10. Nickel Bösenberg
  11. Kristof van Boven
  12. Jérôme Burelbach
  13. Eileen Byrne
  14. Luc Caregari
  15. Gianfranco Celestino
  16. Michèle Clees
  17. Frédérique Colling
  18. Vanessa Cum
  19. Ian De Toffoli
  20. Anja Di Bartolomeo
  21. Tom Dockal
  22. Lis Dostert
  23. Adolf El Assal
  24. Tullio Forgiarini
  25. Katy Fox
  26. Olivier Garofalo
  27. Max Gindorff
  28. Alain Ginter
  29. Samuel Hamen
  30. Guy Helminger
  31. Jeff Herr
  32. Anne-Mareike Hess
  33. Baptiste Hilbert
  34. Paul Hoffmann
  35. Fabienne Elaine Hollwege
  36. Jérôme Jaminet
  37. Cécile Jeitz
  38. André Jung
  39. Marie Jung
  40. Sophie Jung
  41. Camille Kerger
  42. Julie Kieffer
  43. Véronique Kinnen
  44. Lisa Kohl
  45. Jérôme Konen
  46. Nora König
  47. Anna Krieps
  48. Sarah Lamesch
  49. Boris Loder
  50. Hana Sofia Lopes
  51. Marco Lorenzini
  52. Govinda van Maele
  53. Jean-Paul Maes
  54. Rosalie Maes
  55. Filip Markiewicz
  56. Nilton Martin
  57. Nicole Max
  58. Charles Meder
  59. Sally Merres
  60. Brice Montagne
  61. Romain Nosbaum
  62. Claire Parsons
  63. Gintaré Parulyté
  64. Claudia Passeri
  65. Renelde Pierlot
  66. Jean Portante
  67. Jean-Paul Raths
  68. Elsa Rauchs
  69. Tammy Reichling
  70. Paul Robert
  71. Konstantin Rommelfangen
  72. Sabine Rossbach
  73. Marion Rothhaar
  74. Donato Rotunno
  75. Leila Schaus
  76. Luc Schiltz
  77. Annette Schlechter
  78. Lambert Schlechter
  79. Nora Schleich
  80. Neckel Scholtus
  81. Jemp Schuster
  82. Anne Simon
  83. Pitt Simon
  84. Luc Spada
  85. Elena Spautz
  86. Robert Gollo Steffen
  87. Philippe Stroesser
  88. Dan Tanson
  89. Jeff Thoss
  90. Serge Tonnar
  91. Tun Tonnar
  92. Milla Trausch
  93. Michèle Turpel
  94. Jeanine Unsen
  95. Clio Van Aerde
  96. Anouk Wagener
  97. Claire Wagener
  98. Nora Wagner
  99. Timo Wagner
  100. Jeanne Werner
  101. Lex Weyer
  102. Jean-François Wolff
  103. Peggy Würth
  104. Frédéric Zeimet

Spread the love