Fir d’ADR ass d’Promouvéiere vun der Kultur eng bedeitend Aufgab, fir déi net eleng de Staat, mee och d’Gemeng Verantwortung dréit. Nieft de Kulturhaiser an der materieller Ënnerstëtzung vun de Veräiner (z.B. mat Subsiden an adequaten Infrastrukture fir Reuniounen, Prouwen, Opféierungen, Ausstellungen, asw.) gehéiert och d’Ubidde vun engem aktiven a villfältege Kulturprogramm dozou. Kulturell Aktivitéite vun der Grondschoul, der Maison relais oder vun de Jonken (Jugendgemengerot, Jugendhaus, asw.) gi vun der Gemeng gefërdert, an en aktiivt Deelhuelen an Ausschaffe vu Kulturprojete gëtt vun der Gemeng ënnerstëtzt.
Déi kommunal Kulturpolitik muss villschichteg sinn an dat kulturellt Liewe fir jiddereen zougänglech maachen. An deem Sënn wäert d’ADR sech ëm en interkommunalen an interregionalen Austausch këmmeren an eng Zesummenaarbecht op deem Niveau fërderen. Op dës Manéier sollen eis Ressourcë produktiv an effektiv genotzt ginn.
D’ADR wäert kulturell Evenementer wéi Concerten, Theateropféierungen, Konschtmäert an -ausstellungen, grad ewéi Expositioune mat kulturellem a sozialhistoreschem Sujet, an der Gemeng organiséieren oder ënnerstëtzen. Dobäi gëtt dann och besonnesche Wäert op d’Lëtzebuerger Kultur geluecht.
Iwwert d’ganzt Joer ginn et sëllege Geleeënheeten, bei deenen eis Stied an Dierfer, respektiv d’Gemengen, dekoréiert ginn an Animatiounen ënnerschiddlecher Aart stattfannen. Dëst si weider Uläss, bei deenen d’Lëtzebuerger Konscht kéint gefërdert a promouvéiert ginn. Dofir wäert d‘ADR dës Geleeënheeten notzen, fir dobäi präferenziell a wann ëmmer méiglech mat Lëtzebuerger Kënschtler zesummenzeschaffen.
D’ADR ënnerstëtzt d’Ariichte vu kommunalen ëffentleche Bibliothéiken. Eng Partie Leit zitt haut déi digital Buchform vir, dofir sollt d’Gemeng e Service ubidden, fir digital Bicher erofzelueden. Och an Zäite vun der Digitalisatioun sollen d’Leit awer nach kënnen op Bicher zeréckgräifen an e Lieserliefnes um Pobeier hunn, wat säi ganz eegene Charme a Wäert huet. Mir wëllen och systematesch ëffentlech „Bicherschief“ an de Gemengen opstellen, wou d’Leit ganz informell e Buch ausléinen oder och en eegent verléine kënnen.
Fir d’Attraktivitéit vun eisen Duerf- a Stadbibliothéiken ze erhéijen, wëll d’ADR d‘Méiglechkeet virgesinn, fir an deenen Infrastrukturen och administrativ Servicer unzebidden. Heifir wäerte mir eis mat de betraffene Persounen, Federatiounen, Associatiounen a Strukturen austauschen, fir e flott a sënnvollt Konzept auszeschaffen, bei deem déi reng Bicherbibliothéik zu enger moderner Déngschtleeschtungsbibliothéik transforméiert gëtt. D‘Clientë sollen dann am Aganksberäich vun de Bibliothéike beispillsweis och kënne Verwaltungsgäng maachen, Attestatiounen ofhuelen, Concertskaarte kafen, digital Déngschtleeschtungen an Usproch huelen oder Fundsaachen ofginn.
D’ADR ass der Usiicht, datt d’Bibliothéikswiesen, dat esou vill Kultur dréit an offréiert, generell nees méi misst ënnerstëtzt an opgewäert ginn. Fir dat ze erreechen, ass den Engagement vun der Gemeng gefuerdert, awer och d’Hëllef vum Staat ass néideg. Dofir setzt d’ADR sech um kommunalen an nationale Plang fir d’Bibliothéikswiesen an. Deementspriechend solle bestoend Gemengebibliothéike vum Staat verstäerkt gefërdert ginn, besonnesch am Hibléck op d’Grënnung vu moderne kommunale Bibliothéiken. Wéinstens all gréisser Gemeng misst esou eng Gemengebibliothéik hunn. Och d’Kommunaliséierung vun ëffentleche Bibliothéiken, déi enger Asbl gehéieren, soll gefërdert ginn. Ausserdeem misst de Staat verstäerkt mat der BNL zesummeschaffen, wann et ëm d’Recuperéiere vun ale Porbibliothéike geet. Desaffektéiert Kierche wëlle mir mat Respekt behandelen a sënnvoll notzen, andeems si als Bibliothéike genotzt ginn. Fir d’Opwäertung an d’Ënnerstëtzung komplett ze maachen, ass et néideg, datt d’Gemengen och Archivisteformatiounen ubidden.
Bei Muséeprojeten, déi bezwecken, lëtzebuergspezifesch Institutiounen, Traditiounen, Geschicht a Kultur ze konservéieren, soll sech net just de Staat bedeelegen. Mat der ADR wäerten och déi betraffe Gemengen hei aktiv ginn an d’Ëmsetze vun esou engem Projet begënschtegen, wa genuch Ausstellungsmaterial do ass.
D’ADR wäert sech och engagéieren, fir d’Iddi vum immaterielle Kulturierwen – no UNESCO-Definitioun – op kommunalem Niveau ze fërderen. Mir notzen dës Méiglechkeet, fir d’Leit, besonnesch awer déi sougenannten „Trägergemeinschaften“, dovun a Kenntnes ze setzen, datt si dat ufroe kënnen, a si motivéieren dëst ze maachen. Esou soll beispillsweis dofir gesuergt ginn, datt, och wann eng Kierch desakraliséiert gouf, d’Klacke weiderlauden.
Als konservativ Wäerter vertriedend Partei steet d’ADR natierlech fir d’Erhalen an d’Promouvéiere vun eiser Kultur, eisem Patrimoine an eisen Traditiounen. Aus deem Grond ass et eng vun der Gemeng hiren Aufgaben, derfir ze suergen, datt eis traditionell chrëschtlech Fester respektéiert ginn. (Mir hunn de Chrëschtmaart, net de Wantermaart, a mir hunn eng Päischtvakanz, keng Fréijoersvakanz, asw.) Dëst ass en Deel vun eisen Traditiounen a vun eisem kulturelle Patrimoine, wat mir aktiv erhalen a stäerke mussen.
D’Lëtzebuerger Traditioune ginn awer allgemeng net méi genuch gefërdert an zum Deel esouguer ofgeschaf. Dat féiert dozou, datt si net méi vu Generatioun zu Generatioun vermëttelt ginn. D’Leit verléieren de Bezuch dozou an d’Intressi vergeet. Grad an engem Land, dat esou en héijen Undeel un Auslänner zielt, ass et wichteg, aktiv virzegoen an der ganzer Bevëlkerung eis Kultur an Traditiounen ze weisen an dës zesummen ze feieren. Eis Traditioune stierwen haut schonn deelweis lues aus oder änneren hiert Gesiicht. (Beispiller vu Lëtzebuerger Traditiounen: Liichtmëssdag, Buergbrennen, Klibberen, Oktav-Pilgeren, Nationalfeierdag, Allerhellegen an Allerséilen, Te Deum, Stroossemusek duerch Duerfmuseker fir Kiermes a Chrëschtspill, Kleeschen, asw.)
Fir deem entgéintzewierken a gläichzäiteg d’Integratioun ze fërderen, wäert d’ADR sech staark engagéieren, fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Kultur an Traditioune verstäerkt a besser un d’Awunner, a besonnesch un eis auslännesch Matbierger, ze vermëttelen. Nëmmen d’Integratioun kann e Matenee schafen an d’sozial Kohäsioun erméiglechen. An deem Sënn ënnerstëtzt d’ADR natierlech och Initiativen ewéi Quartiers- oder Noperschaftsfester mat fräiwëllegem Charakter.
Un der aktueller Kulturpolitik vun der Regierung an um Kulturentwécklungsplang hu mir vill auszesetzen:
- D’Geschicht vu Lëtzebuerg ass e wichtege Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Kultur. Obschonns d’Regierung vill vum Patrimoine culturel schwätzt, klammert de KEP déi national Geschicht total aus. De Begrëff „Histoire du Luxembourg“ kënnt just an engem Saz vir, allerdéngs NET am Kader vun den 62 Recommandatiounen. De Begrëff „Histoire nationale“ kënnt guer net vir. De KEP hätt kënne Méiglechkeeten opweisen, wéi een d’Geschicht, an zwar déi spezifesch Lëtzebuerger Geschicht, erëm méi staark am kollektive Gediechtnes vun der Natioun verankere kéint. D’Restoréirung vun ale Schlässer ass jo ganz wichteg (an deier), mee et wier och gutt, wann erëm Lëtzebuerger Geschicht op der Uni an an de Schoulen enseignéiert géif.
- D‘Recommandatioun 16 am KEP (“Mettre en oeuvre un plan d’action en faveur de l’égalité femmes-hommes dans tous les domaines de la culture”) wier sécher sënnvoll am Iran, am Sudan, am Jemen, a Saudi-Arabien…, mee zu Lëtzebuerg? Ginn d’Frae wierklech sou schrecklech diskriminéiert am Lëtzebuerger Kulturliewen? Heescht dat, datt an Zukunft den OPL déi gläich Unzuel u weiblechen a männleche Museker muss hunn an datt all zweeten Orchester eng Dirigentin muss hunn?
- De KEP versicht am éischten Deel ze erklären, wat Kultur ass, an d’Definitioune liese sech wéi een „who’s who“ vun der westlecher Philosophiegeschicht. Mee d’Fro, wat „Lëtzebuerger Kultur“ eigentlech ass, gëtt net abordéiert. Alles, wat traditionell der Lëtzebuerger Kultur zougerechent gëtt, alles, wat just mir hunn, an net eis Nopeschlänner, alles, wat mir u Fester, Bräich, Traditiounen hunn, gëtt ausgeklammert. Et gëtt sou gemaach, wéi wa Kultur just international, multikulturell kéint sinn, wéi wann et keng „national“ Kultur kéint ginn. Am Mëttelalter war dat effektiv de Fall, mee soulaang et Nationalsprooche gëtt, gëtt et och Nationalkulturen. Et gëtt och net definéiert, wéini ee en „Lëtzebuerger Kënschtler“ oder ee „Lëtzebuerger Schrëftsteller“ ass: Ass een dat schonn, wann een hei wunnt, hei gebuer ass, Lëtzebuerger Motiver oder Lëtzebuerger Themen, „settings“ benotzt? Et misst mol ganz kloer definéiert ginn, wou Lëtzebuerger Kultur ufänkt a wou se ophält, fir datt kloer ass, wat schützenswäert ass. Dat wier och wichteg fir de Lëtzebuerger Steierzueler, dee wësse wëll, wat um Niveau vun der Kulturfërderung mat sengem Geld geschitt. Mir liewen haut nach ëmmer an der Joseph-Beuys-Virstellung, all Mënsch wier ee Kënschtler („Jeder Mensch ist ein Künstler“), wat mat sech bréngt, datt vill Steiergelder fir „Konscht“ benotzt ginn, déi näischt mat Konscht ze dinn huet. D’Dokument misst kloerstellen, wat an Zukunft d’Prädikat „Kultur“, an am Speziellen d’Prädikat „Lëtzebuerger Kultur“ verdéngt, well firwat soll de Steierzueler fir eng Form vu Kultur bezuelen, déi weder eppes mat Kultur nach mat Lëtzebuerg ze dinn huet?
- D’Lëtzebuerger Literatur gëtt och net definéiert, also ofgegrenzt. Ass e Lëtzebuerger, deen zu New York wunnt a Romaner an englescher Sprooch schreift, nach een, deen eppes zur „Lëtzebuerger Literatur“ bäidréit? Während am KEP-Text de Begrëff „littérature“ 13-mol virkënnt, kënnt de Begrëff „littérature luxembourgeoise“ just 1-mol vir. Kéint ee speziell de Lëtzebuerger Literatursecteur net och mat anere Moyenen ënnerstëtzen? D’Auteure liewe bekanntlech net just vun de Lieser, mee och vun den Nolauschterer, déi op Liesunge kommen, an dat beréiert schonns den éischte wonne Ponkt: et gi vun de Librairien a vun de Verläg kaum nach
Liesungen organiséiert, well et souwuel de Librairien (där et ëmmer
manner gëtt) wéi och de Verläg u finanzielle Mëttele feelt. De
Staat huet eng Verantwortung dofir, datt souwuel d’Librairië wéi och
d’Verläg kënne Liesungen organiséieren. Dat ass (ausserhalb vun de
Walfer Bicherdeeg) déi eenzeg Méiglechkeet, fir onbekannt jonk Auteuren
engem gréissere Public bekannt ze maachen. Hei kéint de Staat also
duerch Subsiden oder Steiererliichterungen derfir suergen, datt rëm méi Liesunge kënnen organiséiert ginn, besonnesch mat jonken, talentéierten Auteuren. Et ginn och Caféën, déi Liesungen organiséieren, mee dat huet sech nach ni richteg gelount. Wéi wier et, wann de Staat sou Caféën (z.B. de Café Bovary) géif ënnerstëtzen? A wéi wier et, wa mol méi Lëtzebuerger Schrëftsteller (vu fréier an haut) am Schoulunterrecht géife gelies a besprach ginn? Op der Frankfurter Buchmesse si souguer mikroskopesch kleng Länner wéi Malta oder Liechtenstein mat grousse Stänn vertrueden, während Lëtzebuerg just mat engem Hongerbudget muss auskommen. E gudde Lëtzebuerger Auteur muss schonn am Ausland liewen, fir wierklech vu senge Bicher liewen ze kënnen. Insgesamt misst de Staat derfir suergen, datt déi Lëtzebuerger Verläg op d’mannst op dräi Foires du livre present sinn: Frankfurt, Leipzig a Paräis. - Wat dem KEP feelt, sinn net Visiounen oder Iddien, mee kloer Prioritéiten an de Courage, richteg Kultur vu Scheinkultur ze ënnerscheeden.
- Et muss natierlech och verhënnert ginn, datt de Staat sech zevill an dat kulturellt Liewen amëscht, well mer soss a Richtung Sozialismus ginn (an de Sozialismus erstéckt bekanntlech Kreativitéit an Originalitéit). De KEP ass mat Sécherheet méi wéi just eng administrativ Reform vum Kulturministär, mee e kläert net prezis genuch driwwer op, firwat Kultur fir d’Individuum eigentlech sou wichteg ass. Déi sozial Dimensioun vu Kultur gëtt, par contre, ganz kloer definéiert.
- Wat een dem KEP och reprochéiere kann, ass, datt verschidde Kultursecteure schlecht oder guer net berécksiichtegt ginn: dozou gehéieren d’Librairen (well déi der fräier Wirtschaft zougerechent ginn), déi lokal Kulturveräiner, d’UGDA an d’Bibliothekären, Archivisten an Dokumentalisten, déi ee ganz wichtege Bäitrag fir eis Kultur leeschten.
- Am Dezember 2022 huet d’Chamber 4 Gesetzer votéiert (7948, 7866, 7920, 8011). Dës Gesetzer camoufléieren déi erheblech Dissonanzen, déi an de leschte Joren tëscht de Kulturacteuren an dem Kulturministère manifest gi sinn. Dofir hei e kuerzen Iwwerbléck iwwer dës Dissonanzen, déi bei den Assises sectorielles des arts visuels (28. Juni 2022 am Mudam) op d’Tapéit komm sinn: D’Veranstaltung stoung ënnert dem idylleschen Titel « L’écosystème artistique – évolutions récentes et futures ». Obschonns de Meenungsaustausch tëscht Kulturacteuren (Galeristen, Kënschtler, Muséesdirekteren a Ministère) héiflech a manéierlech war, ass engem onbedeelegte Beobachter séier opgefall, datt deen „écosystème“ net (méi) fonctionéiert: weder horizontal nach vertikal:
- De Kulturministère weess net, wat um „Terrain“, spréch: op der Strooss lass ass, misst méi Efforte maachen, fir richteg Talenter ze spotten an ze fërderen („Scoutsystem“).
- De Beruff vum Kënschtler huet sech grondleeënd geännert: hie verbréngt haut méi Zäit virum Computer wéi am Atelier; Vernetzung ass haut primordial an eclipséiert oft d’Qualitéit vun der kënschtlerescher Aarbecht; de Kulturministère ass bis elo net genuch op déi Evolutioun agaangen.
- Konscht, Muséeën an Ausstellunge sinn ëmmer nach haaptsächlech eppes fir dat Lëtzebuerger „Bildungsbürgertum“. Konscht zu Lëtzebuerg huet eppes Elitistesches u sech.
- Galerien hunn et schwéier, ze iwwerliewen, dat läit natierlech och un den héije Loyerskäschten!
- D’Hëllefe vum Ministère erreechen oft just d‘Kulturstrukturen, net awer d’Kënschtler, déi zum Deel ofhängeg vun dëse Strukture sinn; och hei wëll d’Regierung nobesseren, mee et bleift ofzewaarden, ob si dat mécht.
- Biennalen (z.B. Venedeg) bréngen dem Kënschtler net vill: géint déi international Konkurrenz si se machtlos a vum Verdéngscht hier hu se guer näischt dervun: si bereede sech 2-3 Joer op sou eng Biennale vir, mee de finanzielle Gain entsprécht maximal 2 bis 3 Paien.
- Verschidde Konschtstrukturen hale sech un dat, wat beim Ministère „gutt ukënnt“, a vernoléissegen dowéinst oft de kënschtlereschen Niveau.
- Fräischaffend Kënschtler zu Lëtzebuerg wëllen hir Zukunft plange kënnen; de Ministère misst hinnen hëllefen, ee „Stufeplang“ iwwer 20, 30 Joer ze erstellen.
- Lëtzebuerg huet net, wéi dat oft duergestallt gëtt, eng horizontal Kulturzeen, mee eng vertikal, mam Mudam un der Spëtzt; fir sech hei am Land wierklech en Numm ze maachen, muss e Lëtzebuerger Kënschtler Ausstellungen am Mudam kréien, wat awer just deene Wéinegste geléngt: dës Hierarchie muss duerchbrach ginn.
- D’Kommunikatioun tëscht de Konschtinstitutioune misst däitlech verbessert ginn: haut liewen d’Muséeën a Galerien niefteneen, amplaz mateneen. Dat wäert och no dësen neie Gesetzer sou bleiwen.
- Ausstellungen a verschiddene Muséeë ginn oft deeselwechten Dag op: et misst eng Aart „Ausstellungserëffnungskalenner“ oder „Eventkalenner“ gemaach ginn; déi Verantwortlech misste sech reegelméisseg treffen an hir Ausstellungen ofstëmmen.
- Lëtzebuerg ass a bleift Provënz, d’Zesummenaarbecht mat den Nopeschlänner misst intensivéiert ginn: datt d’Nopeschlänner sou no sinn, wier eng grouss Chance fir Lëtzebuerg, déi awer net genotzt géif ginn: d’Groussregioun kéint bis op Bréissel oder Stuttgart genotzt ginn.
- Et liewen 165 oder méi Nationalitéiten an der Stad, mee dat spigelt sech kaum am Profil vun de Muséesvisiteuren erëm. Mir hu keen „système culturel populaire“ wéi zum Deel an Osteuropa.
- Den Nation Branding fonctionéiert net, wat Konscht ugeet; et ass eng reng Selbstvermarktungsmaschinn vun der Regierung. Lëtzebuerg gëtt am Ausland net als Konschtland gesinn.
- Den „Accès à la culture“ ass an der neier Verfassung festgeschriwwen. Dëst geet eis als ADR awer net wäit genuch. Mir fuerderen d’Aschreiwung vun der Fräiheet vun der Kultur an d’Verfassung. Well an eisen Aen dës Fräiheet vun der Kultur duerch déi nei Deontologiescharta fir Kulturacteuren ageschränkt gëtt, fuerdere mir d’Ofschafung vun dëser Deontologiescharta.
- D’ADR ass vehement géint déi sougenannt « cancel culture », well mir der Meenung sinn, datt dës „Beweegung“ eis Kultur an d’Kultur vun der westlecher Welt amgaang ass ze zerstéieren. Fréier war fräi Meenungsäusserung, och am Beräich vun der Kultur, net just eePilier vun eiser Demokratie, mee de Pilier vun eiser Demokratie. D’Gesellschaft hat, bei allen Differenzen, ee gemeinsame Konsens: Soulaang een net diffaméiert oder Gewalt gepriedegt huet, konnt een ouni Gefor seng Meenung äusseren. Haut gesi mer hei am Land e Phenomen, dat an där Form nach ni an eisem Land existéiert huet: ëmmer méi Leit froe sech: Däerf ech dat oder dat iwwerhaapt nach schreiwen/soen, ouni mech enger Gefor (z.B. Uklo oder Aarbechtsplazverloscht) auszesetzen? De Staat huet haut eng Waff an der Hand, déi jidderengem Angscht mécht, eng Aart Damokles-Schwäert, dat iwwer der fräier Meenungsäusserung schwieft: „Hate Speech“. Als ADR hale mir déi fräi Meenungsäusserung héich. An deem Sënn huet de Fernand Kartheiser den 18. Oktober 2022 an der Chamber eng Proposition de loi géint “Cancel culture” deponéiert. Dëst Dokument ass dësen Ausféierungen ugespéngelt.
- Mir als ADR sinn och vehement géint eng progressiv Verstaatlechung vun der Kultur. Dofir wäerte mir och géint de Projet de loi 8188 stëmmen, deen um Instanzewee ass an dee fënnef Piliere vum Lëtzebuerger Kulturliewen, nämlech den „Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain“, den „Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean“, den „Espace culturel des Rotondes“, den „Théâtre National du Luxembourg“ an den „Trois C-L – Maison pour la Danse“ an « établissements publics » verwandele wëll.